Directeur musical

 

Uilson Castro DirigentDe Uilson Castro staamt ursprénglech vu Schëffleng, wou en am lokale Museksveräin seng éischt musikalesch Schrëtt gemaach huet, parallel vu senger Ausbildung am Escher Conservatoire.  

 

Nodeems hie laang am Privatsecteur täteg war, huet hien decidéiert sech ganz senger Leidenschaft, der Musek ze widmen a gouf zu Bern (CH) an der Konschthéichschoul ugeholl. An der Klass vum Thomas Ruedi huet hien Euphonium studéiert a beim Rolf Schumacher Direktioun. Wärend sengem Studium an der Schwäiz konnt hien och mat verschidde Formatiounen Dirigeiererfarungen sammele, vum Blosorchester, iwwert d’Brass Band bis hin zum Sträichorchester.

 

Säit dem September 2023 ass en den Dirigent vun der Garnecher Musek an d‘Harmonie Rolléngergronn. Letztendlech, ass den Uilson als Enseignant zu Iechternach an zu Déifferdeng an de respektive regionale Museksschoulen ze fannen.